Si ass eng "Zockerbäckerin", déi bewosst op Zocker verzicht a gouf elo och nach als bescht Pâtissière vun der Welt ausgezeechent.

Déi 32 Joer al Pâtissière, déi am 3-Stäre-Restaurant am Luxushotel Plaza Athénée zu Paräis schafft, gouf en Dënschdeg vun der "Organisation World's 50 Best Restaurants" ausgezeechent. Si ass déi éischt Fra, déi dësen Titel krut, zanter de Präis eng éischte Kéier am Joer 2002 verdeelt gouf.

D'Jury begrënnt hir Decisioun domat, dass d'Jessica Préalpato fir eng "gewoten an eenzegaarteg Pâtisserie" steet. D'Jessica selwer ass erstaunt iwwert d'Auszeechnung an huet et e schéine Kaddo genannt.

Si féiert d'Naturkiche-Konzept vum franséische Spëtzekach Alain Ducasse weider a setzt dobäi komplett op natierlechen Zocker an d'Saier vu Friichten.

Zu den neiste Kreatioune gehéieren Täertercher mat Äerdbieren a Knospe vun Dännebeem, Kiischte mat Oliven oder Zitroune mat Algen. Tabu si Ram oder Mousse.

"Meng Desserte gesinn net ganz schéin aus", sou d'Pâtissière selbstkritesch. Och dass munch Client hir Kreatioun net schmaacht, géif si net iwwel huelen, d'Naturkichen wier keng sou eng liicht Aarbecht, déi dacks kritiséiert gëtt. Ëmsou méi wier si iwwert dës Auszeechnung begeeschtert.