Um Päischtweekend war de bekannte "Rock im Park". Ronn 85.000 Leit hu mat gefeiert an och hir eidel Fläschen trëlle gelooss.

Do leien d'Sue wuertwiertlech op der Strooss. Wann nëmmen all eenzele Festival-Visiteur eng Fläsch oder eng Béchs ewechgehäit, ouni de Vidange dofir anzekasséieren, kann ee sech jo virstellen, wat fir eng Zomm do zesummekënnt.

Dat huet sech och e 37 Joer ale Mann aus Duisburg geduecht. Zesumme mat Kollege war hie 4 Deeg um "Rock im Park" ënnerwee, net fir d'Musek, mä wéinst de villen eidele Fläschen a Béchsen. A sengem éischte Sammel-Joer koum eng Zomm an Héicht vun 23.000 Euro eraus, d'lescht Joer waren et just 13.000. An de leschte Joren ass nämlech en Trend doraus entstan.

D'Initiativ koum iwwregens vu senger Mamm, déi hire Bouf eng Kéier matgeholl hat. Deen ass op de Goût komm mat Offall Suen ze verdéngen. Niewebäi mécht hien och nach eppes fir d'Ëmwelt.

2019 méi nohalteg

Datt op Festivalle vill Knascht zesummekënnt, ass leider normal. Ma mëttlerweil stéiere sech ëmmer méi Leit drun. Fir dem Chaos mam Knascht entgéint ze wierken, hu sech um "Rock im Park" och verschidde Veräiner a Gruppen engagéiert.

Och wann op ville Plaze méi Poubelle stinn an och méi triéiert gëtt, op de Festival-Campingen ass deen Trend nach laang net ukomm. Déi mutéieren deelweis zu richtegen Deponien.

D'Membere vum Grupp "Zero Waste Nürnberg" hunn nom Festival gehollef raumen. Mat dobäi, wéi iwwerall op Festivallen, Klappstill, Matrassen, Zelter, Griller a villes méi. Sämtlech gutt erhale Géigestänn gi fir e gudden Zweck gespent.

Et wëll ee sech léiwer net virstellen, wéi vill do an der Regioun bei "Fridays for Future" demonstréiert hunn an do hire Knascht leie gelooss hunn, well jo bal all Mënsch et och gemaach huet.