D'Britte si jo nawell bekannt dofir, dass mol séier en Hotel zu Onrecht wéinst eppes verklot gëtt. Dëse Fall setzt awer nach eemol een drop...

E briteschen Tourist huet en Hotel op Mallorca dozou opgefuerdert, eng Dokteschrechnung ze bezuelen, nodeems hien anscheinend bei hinne bei der Piscine ausgerutscht ass an sech dobäi zerguttstert blesséiert huet. Geschitt ass dat Ganzt zu Magaluf op Mallorca.

Allerdéngs hat hei de "Geschiedegten" wuel net d'Wourecht gesot, eppes dat och relativ séier vun der Assurancen-Agence vum Hotel erausfonnt huet. Dësen ass nämlech net bei der Piscine ausgerutscht, mä hat probéiert vu sengem Balcon op e Bam ze sprangen. Allerdéngs hunn d'Äscht vum Bam noginn an de Mann ass dobäi relativ ongemittlech um Buedem gelant. Hien huet sech dobäi d'Schlësselbeen an op mannst eng Rëpp gebrach.

De Problem vum Mann ass awer elo, dass d'Assurancen-Agence relativ direkt och e Video fonnt huet, dee weist, wéi de Mann sech am sougenannte "Balconing" probéiert.

Déi 37.000€ u Rechnunge muss de Mann elo natierlech selwer bezuelen, den Hotel iwwerleet souguer, ob elo net sollt eng Plainte géint de Mann gemaach ginn.