Mat engem Seel a Kette gefesselt huet sech en indeschen Zauberkënschtler an de Ganges fale gelooss a wollt sech selwer befreien.

Dee Stunt ass giedlech schif gaang. De Chanchal Lahiri, bekannt ënnert dem Kënschtlernumm Jadugar Mandrake, hat sech e Sonndeg zu Kolkata fessele gelooss an a sengem giel-roude Kostüm an de Ganges fale gelooss. Hie wollt demonstréieren, wéi séier hie sech aus eegener Kraaft vun de Fessele befreie kann. Ma nieft Police a Journaliste, hunn och d'Familljemembere misse materliewen, dass den Artist net méi opgetaucht ass. No 10 Minutten ass Panik ausgebrach.

E Méindeg eréischt gouf d'Läich vum 40 Joer alen Zauberer erëmfonnt, ronn 1 Kilometer vun der Onglécksplaz ewech.

Virun 21 Joer hat hien en ähnleche Stunt op där selwechter Plaz mat Succès gemeeschtert. Do hat hie sech awer och nach gefesselt an eng Glasbox späre gelooss. No 29 Sekonne war hie fräi. Bei dësem Stunt hat hie scho virdrun ze bedenke ginn, dass et dës Kéier méi schwiereg wier: "Wann ech et packen ass et magesch. Wann net, dann ass et tragesch."