D'Ënnerwaasserwelt faszinéiert, zanterdeem et Schnorchel an Tuba gëtt.

D'Vilfalt vun de Faarwen, de Räichtum vun de Liewewiesen, d’Geheimnisser vun der Déift an den éiwege Floss vun der Ënnerwaasserbeweegung hunn eppes Berouegendes.

Dës Grënn motivéiere vill Leit, en Aquarium bei sech doheem ze installéieren.

Zum Beispill den Architekt Shahram Agaajani, dee bei sech an der Stuff ee vun de gréisste Mierwaasser-Korallen-Rëff-Aquariumen aus Europa installéiert huet oder och nach den Daniel Geschwind, e passionéierten Aquariophile, dee kleng Fësch, "Guppyen" ziicht, fir faarweg Schléi ze behalen, also Rengrasser oder Rengbludder.