Zanter leschtem September ass den Ierfgroussherzog Guillaume zu London um Royal College of Defense Studies, wou d‘Welt-Leadere vu muer ausgebilt ginn.

Mir ginn Iech en exklusiven Abléck an dem Prënz säi Schoul-Alldag. Groussherzog vu Lëtzebuerg, dat ass eng Roll, déi ee sech net eraussicht. An déi gëtt een eragebuer. A vu klengem un drop preparéiert. Och mat Mëtt 30 schéngt dee Prozess nach net ofgeschloss. Leschten Hierscht nämlech ass den Ierfgroussherzog Guillaume mat senger Fra op London geplënnert, fir eng aussergewéinlech Formatioun um Royal College of Defense Studies ze maachen.

Wat ass dat fir eng Schoul? Wat léiert de Prënz hei a wat bedeit et als Trounfolger opzewuessen? Ausserdeem äussert de Prënz Guillaume sech eng éischte Kéier ëffentlech iwwer de Verloscht vu sengem Grousspapp, dem Grand-Duc Jean.

D'Zukunft als Groussherzog an emol wéi eng ganz normal Koppel liewen

Virbiller fir seng spéider Roll als Groussherzog huet de Prënz Guillaume der a senger Famill vill. Hien ass sech awer och bewosst, dass déi Roll am Laf vun der Zäit ännere wäert.

AUDIO: Prënz Guillaume iwwer d'Zukunft

"Et ass schwéier ze soen, wéi d'Roll eng Kéier ausgesäit, well mir liewen an enger Welt, déi sech ganz séier verännert. Déi nächst Generatiounen denken anescht wéi mir, wéi déi vun haut. An do muss ee sech och adaptéieren. Ech weess, wat op mech duerkënnt, mee et ass awer eng Responsabilitéit, et ass och eng Freed natierlech an eng ganz grouss Éier, awer och eng Verantwortung."

Ëmsou méi hunn de Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie et genoss, dëst Joer zu London d'Liewe vun enger ganz gewéinlecher Koppel ze féieren.

AUDIO: Prënz Guillaume iwwer d'Liewen zu London

"Jo, et ass en anert Liewen. Och e Liewen zu zwee. Just meng Fra an ech zu London. Et ass eppes, wat normalerweis jonk Koppelen no hirem Bestietnis experimentéieren. Bon, mir hunn en anert Liewen. Mee dowéinst war et och flott fir eis, fir kënne ganz normal zu London an de Restaurant ze goen, an d'Sportshal ze goen, hei an de Park trëppelen ze goen. Dat war eng flott Experienz."

Ugangs Juli, wann d'Ofschlossexame fäerdeg sinn, kënnt d'Ierfgroussherzoglech Koppel nees heem op Lëtzebuerg.