Eng Rakéit bauen? Kléngt onméiglech, mee ass et awer net. Mir waren am Science Center zu Déifferdeng.

Den Virwëtz wecken, soll do d'Formatioun continue vum Esero, dem European Space Education Resource Office. Eng Formatioun, déi Enseignanten hëllefe soll, Kanner unhand vu flotten Experimenter d'Weltraumwëssenschaften méi no ze bréngen.

E Secteur, deen der Esa no zu Lëtzebuerg ëmmer méi wichteg gëtt. Een Nomëtteg also geet et fir e Grupp Enseignanten zréck hannert d'Schoulbänk.

De Formateur Philippe Kirsch weist hinnen, wéi een einfach a mat wéineg Material eng Rakéit bastele kann. D'Dokumentatioun dofir ass vun der Esa. Fanne kann een déi um Site vun der Formatioun. Lo bleift just nach, d'Begeeschterung un déi Jonk weider ze ginn.