De Mandla Maseko sollt als éischte schwaarzen Afrikaner an den Weltraum fléien.

De Mandla Maseko, deen als éischten schwaarzen Afrikaner an de Weltraum fléie sollt, ass e Samschdeg bei engem Motorradsaccident gestuerwen, dat am Alter vun nëmmen 30 Joer.

Hien hat 2013 ee vun den beléiften 23 Ticketen gewonnen, fir an de Weltraum ze fléien. Bei dëser Kompetitioun vun der "AXE Apollo Weltraumakademie" hunn eng Millioun Leit aus 75 verschiddenen Länner drun deel geholl. Hie sollt 100 km héich mat an d'Weltall fléien.

Doduerch krut hien de Spëtznumm "Afronaut". Hie wier mat sengem Gewënn an d'Geschicht agaangen. Eng Woch laang huet de Maseko un engem Training vun der Weltraumakademie deel geholl.

Säi Vol war eigentlech fir 2015 virgesinn, gouf awer op spéider verréckelt.