E klenge Jong sollt seng Grousselteren mam Vëlo bis bei d'Haus niewendrun besichen goen. Hien ass schlussendlech awer kilometerwäit fort gefuer.

E Jong vu 5 Joer aus Däitschland bei Schleswig-Holstein sollt seng Grousselteren mam Vëlo besiche goen, déi direkt nieft dem Elterenhaus wunnen.

Allerdéngs ass de Jong op eng kleng Entdeckungsrees gaangen, hien ass nämlech kilometerwäit bis an déi nächst Stad gefuer. Wei d'Elteren bemierkt hunn, datt hiren Jong net do wier, hu si ganz besuergt der Police Bescheed gesot.

Dee Klengen gouf duerno ganz monter bei enger Autoswäschanlag fonnt, zu Oldenburg 3 Kilometer wäit ewech vum Elterenhaus, wou hie ganz begeeschtert den Autoen nogekuckt a mat de Automobilisten gepotert huet.