D’Vidosava Kuzmic huet d'Business an d'Economy Class mateneen verglach an den neien Business-Menü vun der Luxair geschmaacht.

Wien eemol Business Class geflunn ass, wëll ni méi zréck an d’Economy. Dat gëtt op mannst sou gesot. Mee wéi luxuriéis ass d’Business Class wierklech? Wéi eng Virdeeler huet ee par rapport zur sougenannter “Holzklass”? A virun allem: wat kascht dee ganze Spaass?

Iessen op 10.000 Meter Héicht

Enn Juni huet eis national Airline hiren neie Business-Klass-Menü virgestallt. Zesumme mat engem Stärekach huet de Catering Service vun der Luxair een neit Konzept op d’Been gestallt. Den Trend geet kloer a Richtung vu planzleche Produiten an ewech vun Déiere-Proteinnen, erkläert de Philippe Pelletier, Manager vum Luxair Catering. Wichteg wier et och méi regional Produiten ze verschaffen.

Wat d’Zoubereedung betrëfft, muss een op verschidde Facteuren oppassen. Op 10.000 Meter Héicht verléiert nämlech virun allem Séisses a Salzeges u Goût, esou de Philippe Pelletier. Vue dass d’Schläimhaut an der Nues an am Mond duerch d’Altitude ausdréchent, schmaacht Iessen am Fliger manner intensiv. Dobäi kënnt dass d’Iessen attraktiv mee praktesch muss sinn. Dat heescht et sollt einfach z’iesse sinn an de Risk vu Flecken evitéieren.

Economy vs. Business

D’Iessen u Bord ass just ee vun den Ënnerscheeder tëscht der Business- an Economy Klass. Mä wéi eng aner Virdeeler ginn et fir de Präis? D’Fauschtreegel seet: de Business-Ticket kascht dat Duebelt vum normalen Ticket. Mee lount sech dat? Fir dat erauszefannen, fléie mir eemol bis op Roum an zréck. Um Aller Business, um Retour Economy.

An den Ënnerscheed fänkt schonn um Buedem un.

  • CHECK-IN
  • Wat d’Gepäck ugeet, huet een an der Economy Recht op eng Wallis vun 23kg an ee Handgepäck vun 8kg. An an der Business Klass kann ee méi mathuelen, wéi een droe kann. Nämlech méi wéi duebel sou vill.

    Dat heescht 2 Wallis vun 32kg plus 2 Mol Handgepäck. An déi anzechecken, geet bei der Business Klass meeschtens méi séier. 20 Minutten dauert et fir d’Economy, 5 Minutte fir d’Business Klass. Dobäi kënnt dass een net sou fréi anchecke muss wéi bei der Economy. Hei kann een also Zäit spueren.

  • KONTROLLEN
  • Méi séier geet et och duerch d’Pass- a Sécherheetskontrollen. Dovunner kann ee virun allem op méi grousse Fluchhäfen am Ausland profitéieren, wou et déi sougenannt “Fast Lane” gëtt, also déi séier Schlaang.

  • BUSINESS LOUNGE
  • Wärend déi normal Passagéier am Gate op den Depart waarden, kënne Business Passagéier hir Zäit an enger eegener Lounge ëm kréien. Do kritt ee gratis z’iessen an ze drénken an et huet ee seng Rou am Fall wou een um Laptop muss schaffen.

  • BOARDING
  • Genee sou wéi bei de Kontrollen, hunn och beim Boarding d’Business-Passagéier Prioritéit. Si sinn déi éischt déi am Fliger sëtzen, an déi éischt déi erëm erausklammen.

  • SËTZPLAZ
  • Bucht een ee Business Vol, kann ee schonn am Virfeld gratis eng Sëtzplaz eraus sichen. Wéi vill Plaz ee fir sech huet, ka vu Maschinn zu Maschinn a vun Airline zu Airline ënnerschiddlech sinn. An enger 3er Rei gëtt bei der Luxair zum Beispill ëmmer de Sëtz an der Mëtt fräi gelooss, dat ass déi sougenannt “next free seat policy”. Vill méi Plaz fir d’Been wéi an der Economy huet een awer net onbedéngt.

  • SERVICE
  • Wärend een an der Economy souzesoe just ee vu villen ass, gëtt een als Business Passagéier souguer mam Numm ugeschwat. An dëst Kabinnepersonal ass just fir d’Business Klass reservéiert.

    Ze liese kritt een a béide Klassen – an der Business nach e bëssi méi wéi an der Economy.

  • IESSEN
  • 1 Stonn a 50 Minutten dauert eise Vol op Roum. Do kann ee scho mol hongereg ginn. Als Economy-Passagéier kritt een e Choix u Sandwichen ugebueden – déi, genee sou wéi de Business-Menü, viru kuerzem ugepasst goufen.

    An an der Business Klass gëtt et ee ganz neie Menü, zerwéiert op schéinem Porzeläin-Geschir.

  • FAZIT
  • Als Business-Passagéier huet ee Recht op puer Extra-Leeschtungen déi virun allem méi Confort a Flexibilitéit mat sech bréngen.

    Ma och de Standard-Service an der Economy Klass bitt alles wat ee brauch, wéi gratis Iessen a genuch Fräigepäck. Wat ee fir seng Suen kritt, ass awer och staark ofhängeg vun der Airline, dem Fliger an der Streck.

    Egal wéi een Ticket een awer bucht: op der Zil-Destinatioun kënnt all Mënsch zesummen un. A wéi vill engem deen Extra-Confort schlussendlech Wäert ass, muss jidderee fir sech decidéieren.