E Pilz ass festgestallt ginn.

A Bayern ass Kar-Miel (däitsch: Roggen) verkaaft ginn, dat Halluzinatioune verursaacht. De Konzern "Kunstmühle Reisgang" rifft säin verkaaften Kar-Miel zeréck. Fir genau ze sinn, handelt et sech ëm den "Mehlzauber".

Et wier eng ze héich Konzentratioun un Alkaloiden, e Pilz, festgestallt ginn. D'Consommatioun vun dësem Miel kéint zu Iwwelzegkeet, Kapp wéi an och zu héijem Bluttdrock féieren. A seelene Fäll zu Halluzinatiounen.

Dëst war am Mëttelalter e grousse Problem. Haut ginn et allerdéngs vill Saachen, fir dat ze verhënneren. Beim Ubau an och beim Muele kann dëse Problem behuewen ginn.