Mat 234 Hektar zielen "Les Halles de Rungis" zum gréisste Maart vun der Welt.

De Vatel Club Lëtzebuerg, dat sinn déi di d’Expogast organiséieren, hat kierzlech op Paräis invitéiert.

AUDIO: Les Halles de Rungis zu Paraïs / Reportage Christian Schmit

Wien um Marché International de Rungis eppes wëll gesinn, muss fréi aus de Fiederen oder einfach guer net an d’Bett. Scho moies fréi wimmelt et do scho vu Camionen a Camionnetten.
Rungis gehéiert dem franséische Staat a feiert dëst Joer iwwregens hire 50. Anniversaire. Déi knapp 1300 Geschäfter, déi den „en gros“ händelen, lounen hei an 12.000 Leit schaffen um Site. An dobäi kënnt dann och nach, dass Rungis les Halles seng eege Gare huet fir Wueren. Eng Renault-Garage Renault fonctionnéiert 24 Stonnen op 24, genee wéi eng Permanence un Elektriker, fir bei enger Pann u Frigoen direkt kennen ze reagéieren.

25.000 Leit besichen all Joer d’Maarthale vu Rungis a staunen iwwer de Choix an déi logistesch Meeschterleeschtung.