D'Koppel verklot d'Befruchtungs-Klinik, nodeems hire Jong vun enger friemer Fra gebuer gouf.

Dëst ass wierklech geschitt an zwar an den USA. Eng Koppel, déi sech hire Kannerwonsch mat Hëllef vu kënschtlecher Befruchtung erfëlle wollt, gouf schwéier enttäuscht.

D'Fra aus Kalifornien, d'Anni Manukyan, krut eng friem Eezell agesat, dës Gebuert ass awer feelgeschloen. Doropshin huet d'Koppel DNA-Material ugefrot an esou hu si erausfonnt, datt hiren eigentleche Jong vun enger anerer Fra aus New York gebuer gouf. D'Koppel krut no engem Rechtssträit hiert Kand am Alter vu 6 Wochen zeréck.

Hei ass ee schlëmme Feeler geschitt. Der Fra vun New York goufen zwee friem Embryoen ageplanzt. Wéi d'Fra schwanger war, huet si sech immens gefreet, huet awer schnell gemierkt, datt eppes net an der Rei war.

Si krut nämlech gesot, datt si zwee Jongen op d'Welt brénge géif, amplaz vun den ugekënnegten zwee Meedercher, dobäi waren nëmmen 8 befrucht Eezelle männlech.

Den "CHA Fertility Center" huet der Koppel allerdéngs verséchert, datt si zwee Meedercher géinge kréien. No der Gebuert, huet d'DNA vun de Jonge bewisen, datt d'Embryoe vertauscht gi waren. Déi zwee Jonge sinn och net matenee Famill. D'Koppel aus New York huet den "CHA Fertility Center" ugeklot.

Wéi et awer zu dëser Verwiesslung komm ass, ass bis elo nach onkloer. Déi Schëlleg vum "CHA Fertility Center" hu sech och net geäussert. All déi Betraffen erwaarden eng Entschiedegung, fir déi op éiweg emotional Schied, déi si mussen hiert Liewe laang droen.