Et ass kee schéinen Naturphenomen. Et ass een toxeschen Dreckstipp, deen d'Leit a Sibirien ulackelt, fir Fotoe virun engem turquoise Waasser ze maachen.

Déi sozial Medie si voll mat Fotoe vun dësem spezielle Séi, dacks mat Leit, déi am Maillot oder an der Schwammbox virum oder am Waasser poséieren. Déi Lokal nennen de Site "Maldivinsk", well et dem bloen, indeschen Ozean ronderëm d'Malediven gläicht. De Séi gehéiert awer am Fong zum industriellen Dreckstipp vun enger Fabrick zu Novosibirsk a Russland. De chemeschen Offall fierft d'Waasser blo.

D'Waasser am Séi ass net richteg vergëft, et huet awer vill Saier a kann allergesch Reaktiounen op der Haut ausléisen. Den Alexei Cherenkov huet sech op engem opgeblosenen Einhorn an der Schwammbox fotograféiere gelooss. D'Foto hat grousse Succès op Instagram, hie selwer hat vun där Aventure een Ausschlag kritt.

Donieft ass de Fong vum Séi net fest, wann ee géif dra falen a stieche bleiwen, da wier et schwéier, erëm erauszekommen, sou d'AFP. Et steet zwar ee Schëld mat der Schrëft "Danger Zone" um Site an awer géifen d'Leit dohinner grillen a Fotoe maache goen. D'Fabrick, där den Tipp gehéiert, fuerdert d'Leit jiddefalls op, net méi dohinner ze goen.