Ënnert anerem ee Wimbledon-Pokal, ee Bambi an eng al Strëmp koumen ënnert den Hummer. Et waren am Ganzen 82 Géigestänn, fir ronn 550.000 Euro.

Den deiersten Objet war de Pokal vun den US-Open vun 1989, dee gouf fir ronn 167.500 Euro en Donneschdeg am Auktiounshaus "Wyles Hardy & Co." verkaf. Eng Kopie vum Davis-Cup-Pokal vun 1988 gouf souguer fir ëmgerechent ronn 58.000 Euro versteet. Den Erléis vun 550.000 Euro kréien d'Creancieren, deenen d'Tennis-Legend Sue schëlleg ass.

De Boris Becker gouf 2017 vun engem britesche Geriicht fir insolvent erkläert. Zejoert konnt hien d'Zwangsstee nach verhënneren, dëst Joer konnt hien awer näischt méi dogéint maachen.