Den amerikaneschen R&B-Sänger R. Kelly ass erëm verhaft ginn, wéinst Verdacht op Kannerpornographie an aneren Delikter.

D'Zeitung "New York Times" mellt, datt de Museker en Donneschdeg zu Chicago interpelléiert gouf. Nieft Kannerpornographie kritt hien nach 13 aner Delikter virgeworf, dorënner d'Verféierung vun enger Mannerjäreger.

Den R. Kelly ass an den 90er Jore bekannt ginn a gëtt zanter Jore mat sexuellem Mëssbrauch a Verbindung bruecht. Schonn am Februar ass den R. Kelly verhaft ginn, wéinst schwéierem sexuelle Mëssbrauch an dat an 10 Fäll. Dräi Affer waren nach mannerjäreg. De Sänger gesäit sech net schëlleg, bis ewell war hie géint eng Kautioun op fräiem Fouss. Géif hie schëlleg gesprach ginn, kéint hie bis zu 30 Joer an de Prisong kommen. Virun 10 Joer hat hie schonn ee Prozess wéinst den Verdacht op Kannerpornographie, deemools war hie fräigesprach ginn.