Mattel bréngt eng Barbie-Popp op de Maart, déi un dem David Bowie seng Konschtfigur "Ziggy Stardust" erënnere soll.

D'Popp, zu Éiere vum bekannte Sänger, kënnt um 50. Joresdag vum David Bowie senger legendärer Single "Space Oddity" eraus, dat war 1969. D'Barbie huet ee gesträifte Costume mat metallesche Faarwen a rout Plateau-Stiwwelen un. Mattel wëll dat "kulturellt Ierwen vum musikalesche Genie" éieren.

Den David Bowie ass 2016 am Alter vun 69 Joer gestuerwen. D'Popp soll 50 Dollar, ëmgerechent ronn 45 Euro, kaschten.