71 Joer ware béid glécklech bestuet. Elo si si am Ofstand vun 12 Stonne gestuerwen.

D'Frances war grad emol 16 Joer al an huet an engem Café am US-Bundesstaat Georgia geschafft, wéi den Herbert, deemools 22 Joer, si gesinn huet a seng Aen net méi vun hir ewech krut. "Ech hunn all mäin Courage zesumme geholl an hu si gefrot, ob si mat mir géif erausgoen", erënnert sech den US-Amerikaner 2018 an engem Interview. Ee Joer laang hu si sech "gedate" an dunn huet den Herbert erëm ganz vill Mutt geholl a si gefrot, fir hien ze bestueden a si sot natierlech Jo.

Nëmmen d'Hochzäit ass e bëssi schif gelaf. Well si eng Stonn Verspéidung haten, wollt de Paschtouer de Rendez-vous ofsoen. Mat ganz vill Charme krute si de Paschtouer awer nach iwwerriet, si ze bestueden. Obwuel d'Hochzäit huet musse séier goen, huet hire Mariage awer ëmsou méi laang gedauert.

Am leschte Video vun der Fra huet si gesot "Den Herbert war schonn ëmmer bëssi ze spéit drun." Wéi den Herbert de leschte Freideg gestuerwen ass, ass d'Frances kuerz dono och gestuerwen, genau 12 Stonnen méi spéit.