Kierfecht amplaz Paradäis: Opgrond vun der Äerderwiermung, bleechen d'Korallen ëmmer méi schnell aus a brénge se domadder ëmmer méi no un den Doud.

De "Great Barrier Reef", deen een Touristemagnéit a ganz wichteg fir d'Fauna am Mier ass, ass ëmmer méi dem Ausbleeche vun de Korallen ausgesat. Nach ni waren esou vill Korallen an der australescher Westküst ausgebleecht. Schold dorunner sinn d'Waassertemperaturen, déi ëmmer méi klammen.

Koralle si liewend Organismen. Si gehéieren zu den "Nesseldéieren" a fille sech bei den Algen, déi si mat Iesse versuergen, op enger Kallekschicht am wuelsten. Ewéi déi lescht Joerzéngte gewisen hunn, si Korallen enorm widderstandsfäeg. Mä stännege Stress léist se bleechen.

Een anere Problem ass och d'Hëtzt. Well d'Waasser ze waarm ass, fänken d'Algen u gëfteg Moleküller ze produzéieren.  Fir sech ze schützen, stousse Korallen hier "Matbewunner", also d'Algen, of. Well et hinnen awer dann un Iesse feelt, produzéiere si kee Kallek méi a verléieren domadder hir Faarf.

U sech kënne Koralle Wochen, souguer Méint an dësem Zoustand aushalen a sech souguer dovunner erhuelen. Dëst hu well méi Studien an der Vergaangenheet bewisen. Studien hunn awer och bewisen, datt wann d'Temperature konstant héich sinn, d'Korallen ofstierwen. D'Bleeche vun de Korallen hunn Fuerscher weltwäit zënter de 70er Jore beobacht. Duerch awer déi verstäerkt Äerderwiermung an de leschte Joren an déi domadder verbonnen Naturkatastrophen, bleechen d'Koralle vill méi schnell aus.

Dëst ass awer net nëmmen an Australien de Fall, mä carrement ee globale Problem. Well och zum Beispill a Südafrika, de Maldiven oder op de Seychellen lafen d'Koralle Gefor ze stierwen. Ännert de Mënsch net schnell seng Gewunnechten, fir datt d'Äerderwiermung "méi lues viru geet", esou kann et a 30 Joer dozou komme, datt keng Koralle méi existéieren. An d'Suitten dovunner wäerten net nëmme fir d'Fësch, mä och fir de Mënsch fatal sinn.