Een Alkoholiséierte mat enger Schlaang huet de Weekend an der Gare zu Bremen fir Opreegung gesuergt.

Der Police no war een 38 Joer ale Mann mat enger 70 Zentimeter laanger Schlaang op der Gare an huet Passanten, déi laanscht hir gaange sinn, d'Schlaang dohinner gehalen, datt si Fotoe maache kënnen.

Eng Fra huet sech e Samschdeg därmoossen erféiert, datt si der Police no fortgelaf ass a gebläert huet. Den Zeien no huet den alkoholiséierte Mann och d'Schlaang puermol an d'Loft geheit. D'Police ass dunn awer intervenéiert a krut de Mann gestoppt.

D'Schlaang war net gëftegt an ass vum alkoholiséierte Mann "befreit" ginn an du bei en Déierendokter komm. Géint de Mann gëtt elo ermëttelt wéinst Verstouss vum Déiereschutzgesetz.