Wann ee scho probéiert Drogen ze schmuggelen, sollt ee besser keen Accident bauen, nach manner mat engem Policewon a scho guer net duerno nach flüchten.

Eng Camionnette mat 200 Kilo Drogen u Bord ass an Australien an een Auto gerannt, awer net iergendeen, mä an e Policewon. En Dënschdeg ass d'Camionnette virum Policebüro an e geparkten Déngschtwon gerannt. De Chauffer ass weidergefuer.

Säi Pech war awer, datt eng Iwwerwaachungskamera alles opgeholl huet. De schëllege Chauffer gouf ronn eng Stonn méi spéit a knapp 10 Minutte vun der Onglécksplaz ewech gestallt.

Hien hat och e gudde Grond net stoen ze bleiwen: A sengem Auto hat hie Plënnerkëschte mat 237 Kilo sougenannte Methamphetaminne gelueden De geschate Stroosseverkafswäert läit bei ronn 200 Milliounen australeschen Dollar, also 178 Milliounen Euro. Dem Chauffer blitt elo eng Plainte wéinst groussugeluechtem Drogenhandel a Fahrerflucht no engem Accident.

Déi synthetesch Drog "Meth" gëtt an Australien zu engem ëmmer méi grousse Problem. D'lescht Joer goufen am Land proportional déi meeschte Konsumenten notéiert, wéi an anere Länner.