Géint den inhaftéierten US-Sänger R.Kelly leeft elo och am Bundesstaat Minnesota ee Verfare wéinst sexuelle Strofdote géint Mannerjäreger.

Dem Parquet vum Bundesstaat Minnesota huet e Méindeg dem R&B-Sänger ënner anerem Prostitutioun vun enger Mannerjäreger zur Laascht geluecht. Dem Affekot Mike Freeman no géing et ëm ee Virfall aus dem Joer 2001.

Deemools huet déi jonk Fra een Autogramm wëlle vum Museker hunn. Den haut 52 Joer alen US-Sänger huet hir den Autogramm zesumme mat enger Telefonsnummer ginn - wéi dat Jugendlecht dunn do ugeruff huet, gouf et an d'Hotelszëmmer vum weltbekannte Museker agelueden.

Wéi de Mike Freeman weider erkläert, krut et do ugebueden, sech fir 200 Dollar auszedoen a mat dem R.Kelly ze danzen - et wier awer net zu engem sexuellen Akt komm.

Géint den R.Kelly lafe schonn zu Chicago an zu New York Verfare wéinst sexuellem Mëssbrauch vu Mannerjäregen. Den Ament sëtzt den 52-Järegen dowéinst an Untersuchungshaft, dat well de Parquet zu Chicago de Kelly als extrem Gefor fir d'Gesellschaft a besonnesch fir mannerjäreg Meedercher ugesäit.

Zanter enger Rëtsch vu Jore well gëtt den R&B-Sänger wéinst sexuelle Strofdote verdächtegt.