An Neiséiland huet viru Millioune vu Joren e Papagei gelieft, deen iwwert 1 Meter grouss war an ëmmerhin 7 Kilo schwéier konnt ginn.

Dat hunn Analyse vu Fossilien erginn, déi schonn am Joer 2008 fonnt gi waren, ma iwwert déi elo eréischt eng wëssenschaftlech Expertise gemaach gouf.

Laang hat ee gemengt, déi verstengert Knachen wären enger Adler-Zorte zouzeuerdnen, bis elo méi genee analyséiert gouf.

Et ass wéinst der Gréisst an dem Gewiicht dann och net dervun auszegoen, dass de Rise-Papagei deemools fléie konnt.