Vun haut u bis e Sonndeg ass zu Stadbriedemes nees den traditionellen "Picadilly". Hei gëtt Villes gebueden, och fir Famillen.

Dat bekannte Wäin- a Wënzerfest zitt jo all Joers erëm Dausende vun Leit aus dem ganze Land un. Dräi Deeg laang gëtt hei laanscht d'Musel gefeiert a geprost: En Evenement mat enger grousser Organisatioun.

Fir den Optakt vum Picadilly 2019 kucke mer mat de Responsabele vum Syndicat d'Initiative Stadbriedemes, wéi ee sech virbereet huet, wat d'Leit dëst Joer erwaart a wei ee fir all Wiedersituatioun gerëscht ass.

E puer flott Foto-Impressioune vum leschte Joer: