Ganz iwwerraschend an nëmmen 9 Méint no der Hochzäit, hunn d'Miley Cyrus an de Liam Hemsworth hir Trennung bekannt ginn.

An engem offizielle Statement hunn déi zwee matgedeelt, dass si sech als Mënsche wéi och als Partner weiderentwéckelt hunn an elo decidéiert hunn, sech op sech selwer an op hir Carrière wëllen ze konzentréieren.

Dass seng Ex direkt no dëser Annonce Trouscht beim Kaithlynn Carter fonnt huet, géif him awer lo ee Stach versetzen. Hie wier um Buedem zerstéiert, ou ee Vertrauten vum Hemsworth.

Dass d'Miley Cyrus kee Kand vun Trauregkeet ass, misst deene meeschte bewosst sinn, seng Trennung esou ëffentlech ze zelebréieren, wier awer eng Schan. Dat huet och d'Famill vum Verloossene matgedeelt. Op Instagram huet d'Sängerin nämlech nëmme Stonnen nom Annoncement vun der Trennung Fotoen aus Italien verëffentlech, zesumme  Kathlynn Carter, déi offensichtlech vill Spaass zesummen hunn.