Am Berliner Zoo bréien den Ament zwee männlech Pinguinen zesummen een Ee aus.

Déi zwee Kinnekspinguine Skipper a Ping këmmeren sech zesummen ëm d'Ee vun enger Pinguin-Damm, déi an de leschte Jore keen Erfolleg beim Ausbréien hat. Déi zwee Pinguin-Häre géife sech virbildlech ëm d'Ee këmmeren an et ofwiesselnd waarm halen.

De Skipper an de Ping sinn zéng Joer al a sinn am Abrëll vum Hamburger Tierpark Hagenbeck an de Berliner Zoo geplënnert.

Gläichgeschlechtlech Pinguin-Koppele wiere guer net seelen a géif et och bei Pinguine ginn, déi an der fräier Natur liewen, esou de Porte-Parole vum Zoo, Maximilian Jäger, géintiwwer der DPA.

Effektiv gëtt et zu Sydney eng schwul Pinguin-Koppel, déi zesummen en Ee ausgebréit huet. Déi zwee männlech Ieselpinguine Sphen a Magic hätten, genee wéi hir heterosexuell Aartgenossen, wärend der Paarungszäit ugefaange Kiselsteng ze sammele, fir zesummen en Nascht ze bauen. Leschten Oktober ass dunn de klenge Sphengic op d'Welt komm.

Am Zoo zu Berlin ass awer nach net sécher, ob um Enn wierklech e klenge Pinguin op d'Welt kënnt. D'Fleeger wëssen nämlech net, ob d'Ee och befrucht ginn ass. Wa jo, wier et a ronn 55 Deeg esou wäit, an am Berliner Zoo géif et deen éischte Pinguin ginn, dee vu enger homosexueller Koppel ausgebréit gouf.