Ee Lotto-Spiller huet mam Gewënn vun engem 209-Milliounen-Euro-Jackpot een neie Rekord opgestallt. Den ale Rekord loung bei 177 Milliounen Euro.

Den Dënschdeg huet ee Lotto-Spiller een Ticket fir zwee Euro bei engem Automat an enger Bar kaf.

D'Identitéit vum gléckleche Gewënner ass nach net bekannt. Op deem Dag war an der Bar vill lass, a vill Leit haten een Ticket kaf, sou de Patron Guglielmo Poggi.

Den ale Rekord bei der italienescher Lottogesellschaft Superenalotto, am Wäert vu 117 Milliounen Euro, gouf 2010 opgestallt.