De Mëttwoch de Moien huet sech ee Kaweechelchen an engem Supermarché zu München verlaf an huet do randaléiert. Ee Client huet dat Ganzt gefilmt.

Am Alkohol-Rayon huet et eng Wäifläsch erofgehäit an ass du séier bei d'Séissegkeete gelaf. Et wier net einfach gewiescht, de klenge Flitzer net aus den Aen ze verléieren, seet de Client, deen d'Kaweechelche gefilmt huet.

Ee Spriecher vum Supermarché huet der "Bild" dozou erzielt: "Sou ee Client hate mir nach ni. No e puer Minutten hat d'Déier de Wee fir raus dunn awer fonnt."

Bei der ganzer Geschicht ass nëmmen d'Wäifläsch zu Schued komm. Fir déi ass de Supermarché awer selwer opkomm, sou d'"Bild".