Bal all drëtten Däitsche géif sech een an engem Déier entwéckelt Organ asetze loossen. Dat huet elo eng Ëmfro vun dem Institut "YouGov" erginn.

28 Prozent vun de Leit, déi bei der Ëmfro, déi de Mëttwoch erauskomm ass, matgemaach hunn, wieren "definitiv" oder "éischter" bereet dozou, sech esou een Organ asetzen ze loossen.

Fir 55 Prozent géing dat "éischter net" oder "op kee Fall" a Fro kommen, a 27 Prozent wollten op déi Fro keng Äntwert ginn. Un der Ëmfro rondrëm an Déieren entwéckelte Spenderorganer hunn den 1. August 1.135 Leit iwwer 18 Joer deelgeholl.

D'Iddi hannert der Fro ass, fir d'Fuerschungs-Regele fir japanesch Wëssenschaftler ze erliichteren. Hinne soll et nämlech an Zukunft erlaabt sinn, eng speziell Aart vu mënschleche Stammzellen an Déieren-Embryoen anzesetzen, déi dann och vun deenen Déieren ausgedroe solle ginn.

Déi sougenannte pluripotent Stammzelle kéinte sech zu verschiddenen Aarte vu Geweben entwéckelen. D'Fuerscher hoffen, esou Spenderorganer an Déieren ze ziichten an déi da spéiderhin och ze transplantéieren.