D'kinneklech Famill huet de Freideg bekannt ginn, dass der Prinzessin Beatrix hir jéngste Schwëster mat 72 Joer u Kriibs gestuerwen ass.

1947 ass d'Maria Christina, d'Prinzessin vun Orange-Nassau, als 4. Duechter vun der Kinnigin Julianna an dem Prënz Bernhard op d'Welt komm. "Mir sinn traureg iwwert den Doud vun eiser léiwer Schwëster an Tatta", schreift d'kinneklech Famill op Twitter.

"D'Christina hat ee grousst Häerz," sou de Kinnek Willelm-Alexander, d'Kinnigin Maxima an d'Prinzessin Beatrix, "Mir halen all eis schéi Momenter mat hir an eiser Erënnerung."

Si huet sech an d'Musek an d'Liewen ausserhalb vum Palais verléift. 1975 hat si hir Successiouns-Rechter opginn, wéi si de Kubaner Jorge Guillermo bestuet huet. Zesummen hu si 3 Kanner kritt, éier si sech 1996 gescheet hunn.

De Premier Minister Mark Rutte erënnert sech un d'Prinzessin an un hir "waarmhäerzeg Perséinlechkeet" an deelt säi Bäileet an engem Statement mat.

D'Christina wäert privat am kinneklechem Haus ageäschert ginn.