Ee Mann aus Essen an Däitschland huet ee falsche Polizist ausgelaacht, wéi dee probéiert huet, de Mann iwwert den Telefon ze hannergoen.

D'Police huet de Freideg matgedeelt, dass een 83 Joer ale Pensionär den Donneschdeg Owend vun engem Mann kontaktéiert gouf, dee virginn hat, Polizist ze sinn. Um Telefon wier hien als éischt gefrot ginn, wéi et him geet.

Doropshin huet de Mann, deen anscheinend net u Frendlechkeete vun der Police gewinnt ass, de "Polizist" ausgelaacht. Nodeems hien dunn och nach gefrot hat, wat de falsche Polizist vun him wéilt, huet deen agehaangen.

A leschter Zäit huet déi däitsch Police sech misse mat ville Fäll befaassen, wou Krimineller sech als Polizisten ausginn, fir virun allem méi eeler Leit ze hannergoen. Zum Beispill erziele si de Leit, dass hir Donnéeë bei engem Abriecher, dee festgeholl gouf, fonnt gi sinn. Da soe si, d'Leit kéinten hinnen hir Wäertsaache ginn, fir dat se net geklaut ginn. De Leit, déi op dës Masche erafalen, ginn dann de falsche Polizisten hir Wäertsaachen am Glawen, se zeréckzekréien.