Dat klengt Duerf Porthcawl un der walisescher Küst huet Toiletten installéiert, déi Sex verhënnere sollen.

Zu Porthcawl schéngt ee Problemer mat Leit gehat ze hunn, déi Sex op den ëffentlechen Toiletten haten. Op d'mannst kéint een esou hir neisten Installatioun deiten.

Hei goufen nämlech "Anti-Sex-Toiletten" opgeriicht, dat fir ronn 186.000 Euro. Am Buedem vun den Haisercher si Sensoren, déi moossen, ob sech méi wéi eng Persoun op der Toilette ophält. Wann dem System da méi Leit opfält, ginn dës mat Waasser besprutzt an en Alarm geet un.

Net ganz kloer ass awer bei dëser "Mesure" wat passéiert, wann Leit op d'Toilette ginn, déi dobannen Hëllef brauchen. Wéi eng Mamm mat Kanner oder Leit, mat enger Beanträchtegung.

Nieft dem "Sex" soll awer och verhënnert ginn, datt Leit op den Toilette schlofen oder dës beschiedegen.