Wéi déi franséisch Noriichtenagence AFP mellt, gouf den Entourage vum Rapper Booba Affer vun engem Ugrëff vun héijer Gewalt.

Ronn 15 Blesséierter sollen et bei dem Ugrëff op de Booba a säin Team bei engem Videodréi gi sinn. D'Gangstere solle mat Baseball-Schléier op dem franséische Rapstar säin Team lassgaange sinn a si esouguer mat Pistoulen ënner Beschoss geholl hunn.

Et wieren eng Dosen Ugräifer gewiescht, déi an der Nuecht vum Dënschdeg op e Mëttwoch an enger verloossener Hal zu Aulnay-sous-Bois, enger Uertschaft bei Paräis, de Coup duerchgefouert hätten. De Booba selwer wier zu deem Ament awer net méi op der Plaz gewiescht, soudatt hien net verletzt gi wier. Allerdéngs wier säi Manager Affer vu Schëss ginn an dobäi um Kapp verletzt ginn.

Net déi éischte Kéier am Viséier

Den "B2O" gehéiert a Frankräich zu deene bekannste Rapmuseker iwwerhaapt - dëst léisst muncher jalouse ginn an esou koum et well an der Vergaangenheet ëmmer nees zu Attacken op de Fransous. Dee leschte gréissere Virfall war am Oktober 2018. Deemools koum et um Paräiser Fluchhafe zu engem Kläpperei tëscht dem Booba an den Kaaris, engem anere Rapper.