De fréiere Kinnek vu Spuenien gëtt e Samschdeg um Häerz operéiert. Wéi e Parte-Parole vum Kinnekshaus präziséiert, wier et awer keen "eeschte" Fall.

Bei enger normaler Kontroll am Juni, hunn d'Doktere festgestallt, dass den fréiere Kinnek vu Spuenien um Häerz operéiert muss ginn. Et ass net bekannt ëm wat genee et sech bei der Operatioun handelt, et heescht just, et wier näischt "Eeschtes".

Zanterdeem huet den 81 Joer ale Mann en "normaalt Liewe gefouert". Operéiert gëtt de Juan Carlos an enger privater Klinik an enger Uertschaft viru Madrid. Schonn am leschte Joer ass hien um Knéi operéiert ginn an hat och Problemer mat der Hëft.

Zanter Juni huet sech de Juan Carlos aus dem ëffentleche Liewen zréckgezunn. 2014 huet hien ofgedankt an den Troun dunn u säi Jong Felipe weiderginn.