Ginn an den nächste Joren Anti-Stress-Therapië mat Extasy behandelt? Eng kalifornesch Associatioun huet Tester duerchgefouert an hofft op d'Legalisatioun.

Déi ugeschwaten Associatioun huet iwwer e puer Joren ewech eng Serie vu medezineschen Tester duerchgefouert mam Zil, de Patiente mat post-traumatesche Stresserliefnesser eng alternativ Therapie unzebidden - dës ebe mat MDMA, der chemescher Verbindung vun Extasy.

D'Wierkungen

Verantwortlecher vun der kalifornescher Associatioun hoffen esouguer, datt si vun der US-amerikanescher Agence fir Medikamenter gréng Luucht kréien, fir Extasy fir spezifesch Traitementer legaliséiert ze kréien. D'Resultater vun den Tester an den éischten 2 Phase wieren extraordinär gewiescht, sou den Dr. Keren Tzarfaty.

De Psycholog aus Israel huet weider erkläert, datt dës Drog bei de Patiente Freed an Empathie ausléise géif - zwou Komponenten, déi noutwendeg sinn, fir pyschotherapeutesch Traumaen ze behandelen.

D'Niewewierkungen

Aus den Etüde geet iwwerdeems och ervir, datt bei enger Rëtsch vu Patienten d'Niewewierkungen extrem desagreabel gewiescht wieren. Ënner anerem Angschtzoustänn, Depressiounen, Middegkeet, Kappwéi a Muskelkrämp wiere bei munche Patienten ze beobachte gewiescht.