Eng Fuerschungsgrupp vun der Universitéit Zürich soll en Impfstoff géint Kazenhoer-Allergien entwéckelt hunn.

Bei dëser Prozedur gëtt awer net de Mënsch geimpft, mä d'Kaz. Dës gëtt mat engem bestëmmten Allergen behandelt, duerch deen d'Déier Antikierper hierstellt, deelt den Immunologe Martin Bachmann mat.

D'Leit reagéiere bei enger Kazenhoer-Allergie op e Protein vum Hausdéier, dee si an hirem Kierper huet, an net op d'Hoer selwer. Dëse Protein ass virun allem am Spaut ze fannen a gëtt op d'Fell iwwerdroen, wann de Véierbeener sech wäscht.

Getest gouf den Impfstoff u 70 Déieren, sou de Bachmann. No der Behandlung gouf bei de betraffenen Allergiker festgestallt, dass sech hir Symptomer däitlech reduzéiert hätten. D'Kaze goufen no der Injektioun esouguer méi geheemelt wéi virdrun.

Et heescht, dass d'Impfung keng negativ Niewewierkungen op d'Hausdéier hätt. A spéitstens dräi Joer soll den Impfstoff op de Maart kommen.