Vum 27. Juli bis de 16. August, also 3 Woche laang hu si zesummen an d’Pedalle gedréckt, fir op den Autismus opmierksam ze maachen.

Zwee Frënn, den Helder Goncalves an de Victor Da Costa hate virun engem Joer d’Iddi fir dës sportlech-solidaresch Aktioun vun Déifferdeng op Mondim de Basto (P). Ënnerstëtzt goufe si dobäi vun de Gemenge vun Depart an Arrivée, sou wéi e sëlleche Privatleit, déi gespent hunn, respektiv d’Rees kommentéiert.

Op hirer Facebook Säit konnt een nämlech 3 Woche laang den Exploit vun den 2 Cycliste suivéieren. Si hunn dobäi och ëmmer erëm Fotoen a Videoe gepost an hir aktuell Positioun op der iwwer 2.000 Kilometer laanger Streck verroden.

Um Enn hu si mat hirem Vëlostour iwwer 40.000 Euro agefuer, déi ginn un d’Fondation Autisme Luxembourg. Am Reportage am Magazin weise mir Iech de Resumé vun dësem aussergewéinlechem Vëlos-Tour fir de gudden Zweck.