Et wier fir den Ament nach ze fréi fir ze soen, ob d'Regierung d'Finanzéierung vum groussherzoglechen Haff per Gesetz upasse wäert.

Datt schreift de Premierminister an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Alex Bodry.

De Spezial-Beoptraagten Jeannot Waringo, deen d'Regierung genannt huet, fir d'Finanzen an d'Personalpolitik um Haff ënnert d'Lupp ze huelen, hätt eréischt Ënn Juni ugefaangen.

D'Regierung wier bereet, nom Enn vu senger Missioun dës mat der Chamber ze diskutéieren, esou de Premier Xavier Bettel.

Tanja Raveane wiesselt als Conseiller en communication bei den Haff

Et gouf nei rekrutéiert: Am Service vun der Kommunikatioun an de Relatioune mat der Press kënnt eng Persoun bäi - dëst ass RTL-Informatiounen no d'Tanja Raveane, déi bis ewell Porte-Parole vun der Arméi war.

D'Madamm Raveane wiesselt als „Conseiller en communication“ vum Etat-Major hei an der Stad am Oktober bei de groussherzoglechen Haff.