E staatlecht Sigel soll de Konsumenten an Zukunft weisen, wéi eng Kleedungsstécker ënnert sozial an ekologesch faire Bedéngunge produzéiert goufen.

An der Textil-Wirtschaft schaffe weltwäit ronn 150 Millioune Mënschen, dacks ënnert schlëmmen Zoustänn. E Sigel soll an Zukunft dobäi hëllefen, fir erauszefannen, ob bestëmmte Sozial- an Ëmwelt-Standarde bei der Hierstellung vu Kleeder, Rideauen, Bettgezei oder Poschen agehale goufen.

Ee vun den Ausléiser, wisou dëst Konzept an d'Liewe geruff gouf, war d'Afale vum Gebai vun enger Fabrik am Bangladesch, bei deem 1.135 Mënsche gestuerwe sinn.

26 Kritäre mussen d'Textil-Produzenten erfëllen, fir d'Produite mam "grénge Knapp" auszeechnen ze dierfen. Dozou gehéieren e festgeluechte Mindestloun, d'Anhale vu verschiddene Sécherheetsmesuren, keng Kanner- oder Zwangsaarbecht an d'Net-Benotze vu geféierleche Chemikalien. An der Ufanksphas konzentréiert sech d'Surveillance virun allem op d'Bitzen, d'Zouschneiden, d'Fierwen an d'Bleechen. Eréischt an zwee Joer ginn d'Spannen an d'Wiewe méi streng kontrolléiert.

Ganz nei ass d'Iddi vum faire Sigel awer net: Zanter Jore versiche Labelen, wéi "Fairtrade" oder "Ecolabel", d'Keefer iwwert d'Aarbechtsbedéngunge weltwäit opzeklären. Dës decken awer just en Deel vun de sozialen an ekonomeschen Aspekter vum "grénge Knapp" of.

Textilien, déi mam grénge Sigel markéiert goufen, kënne vun elo un an de Butteker an am Internet kaf ginn. Geschäfter, déi dës Initiativ ënnerstëtzen, sinn ënnert anerem Aldi, Lidl, Kaufland, Rewe oder Tchibo.