E Robotik-Professer vun der Universitéit Osaka huet eng Maschinn entwéckelt, déi de Buddhismus revolutionéiere soll.

An Zukunft sollen d'Léiere vum Buddha net méi vun engem Mënsch gepriedegt ginn, mä vum Mindar, engem Roboter. De kënschtleche Paschtouer ass esou grouss wéi e Mënsch an huet esouguer e Gesiicht, Schëlleren an Hänn aus haut-faarwegem Silikon. De Recht vum "Kierper" ass aus Metall.

Bei der Fro, wéi de Mindar beim Public ukënnt, scheede sech d'Geeschter. No enger Ëmfro vun der Universitéit Osaka wiere vill Visiteuren iwwerrascht, well e sou mënschlech géing eriwwerkommen. Anerer wieren net vum Konzept iwwerzeegt a géingen eng Maschinn, déi priedegt, komesch fannen.

Déi meeschte Kritik kënnt awer aus dem Ausland an net vun de Japaner selwer. Fir sou munch Mënschen ass de buddhistesche Roboter e Sakrileg. En ass esouguer mam Frankenstein sengem Monster verglach ginn, sou de Paschtouer Goto.

Déi westlech Welt hätt Humanoide géigeniwwer méi Viruerteeler, well déi Awunner anescht opgewuess sinn. A Japan ginn esou Maschinne säit Joren a Spideeler oder Altersheemer agesat an et kënnt net seele vir, dass eng Famill e Roboter als Hausdéier huet.

Zil vun dësem revolutionäre Konzept ass et, fir déi jonk Mënschen nees fir de Buddhismus ze begeeschteren. Ob dëse Paschtouer-Upgrade fir frësche Wand am Buddhismus suerge kann, wäerten déi nächst Jore weisen.