Hautzedaags fanne sech vill Mënschen net méi ouni Navi oder Smartphone-App zurecht. Ass d'Orientéierungs-Potenzial duerch d'Technik verluer gaangen?

Fréier war alles besser - dee Saz kréien d'Leit am 21. Joerhonnert ëmmer méi dacks ze héieren. Ma stëmmt dat wierklech?

Virun e puer Joerzéngte ware Stadpläng a Landkaarten den A&O bei City-Trips. Dës existéieren zwar och nach am Joer 2019, mä de Grëff zum Smartphone ass dann awer méi bequem. Seng Orientéierung verléiert de Mënsch doduerch awer net, mä e passt sech de verännerten Ëmweltbedéngungen un. An enger Welt, an där ee stänneg mat Assistenzsystemer konfrontéiert gëtt, ass et net méi noutwenneg, fir sech ausschliisslech op seng eege Capacitéiten ze verloossen, sou d'Verkéierspsychologin Christina Sutter.

Déi raimlech Orientéierung spillt a ville Beruffer a Kontexter och hautzedaags nach eng wichteg Roll. Architekten, Bauingenieuren an Extremsportler trainéieren hir raimlech Orientéierung ëmmer nees op en Neits.

Heescht dat, dass all déi aner Mënschen blann duerch d'Welt lafen, wann d'Technik mol eng Kéier verseet? Et géinge just wéineg Extremfäll ginn, déi an deem Fall net vun A op B géinge kommen, sou d'Christina Sutter. Wann ee Google Maps & Co weiderhi just als Assistenzsystem benotzt, reagéiert schlussendlech awer de Mënsch a säin Instinkt.

Fir all déijéineg, déi sech och mat Navi oder Google Maps verléieren: Net vergiessen - Orientéierung kann een trainéieren... Also um Ball bleiwen!