Nodeems den iphone 11 Pro den Dënschdeg virgestallt gouf, huet déi nei Kamera vun Apple fir vill kreativ Tweets gesuergt.

Mat der neier dräifach Kamera wëll Apple mat de Smartphone-Gigante Samsung an Huawei mathalen, déi d'Iddi vun den 3 Lënsen op der Récksäit schonn zanter enger Zäit a Praxis ëmgesat hunn. U sech sollt dës Erneierung den Highlight vum neien iPhone-Modell sinn. D'Hiersteller hu wuel kaum domat gerechent, dass hiren Upgrade zu engem "Running gag" am Netz gëtt.

Dobäi ginn der Kreativitéit keng Grenze gesat. Déi eng erënnert den Design un eng Kachplack, déi aner denken éischter un en elektresche Raséierapparat.

Verschidde User sinn esouguer op d'Iddi komm, den iphone 11 Pro mat enger Kokosnoss ze vergläichen.

Apple selwer huet offiziell nach net op d'Witzer reagéiert, déi op d'Käschte vun hirem Smartphone gemaach goufen. Eng Belounung fir déi beschte Gags am Netz, déi deem een oder aneren e Laachen an d'Gesiicht gezaubert hunn, wier sécherlech eng gutt Marketing-Strategie...