Et soll dee beschten Eisekuch vun der Welt sinn, dee vum Jean La Gaufre. Mä wie verstoppt sech eigentlech hannert dësem Betrib?

Huet dem Jean-Marc, deen de Betrib iwwerholl huet, säi Papp wierklech "Jean La Gaufre" geheescht oder ass den Numm fräi erfonnt? A wat ass de Secret vun hirem krupsegen Eisekuch?

Säi richtegen Numm ass u sech Jean-Marc Vandervaeren, déi meescht kennen en awer ënnert dem Numm Jean La Gaufre. Zanter 54 Joer kënnt de Jean-Marc op d’Schueberfouer, als Jonke manner involvéiert, haut huet hien de Betrib iwwerholl.

An der Jean La Gaufre Famill ginn et nëmme Jean'en. Dem Jean-Marc säi Brudder heescht Jean-Francois, säi Bopa war de Jean-Baptiste, säi Papp de Jean-Paul a seng Kanner heesche Jean-Michel, Jean-David a Jean-Sébastien, esou ass d'Successioun, emol wat den Numm ugeet, geséchert, wat awer keng Garantie ass.

Wéi vill Eisekuchen de Jean-Marc den Dag verkeeft, dat wëllt hien eis, esou ewéi d'Rezept, och net verroden.

Un d'Pensioun denkt de Jean-Marc nach net, hien ass der Meenung, dass seng Beschäftegung u sech keng Aarbecht ass.

E Mann mat villen Secreten, deen ëmmer nees op en Neits probéiert, seng Clientèle ze iwwerraschen. Eng Mark vun Eisekuchen, déi mer op der Schueberfouer vu Generatioun zu Generatioun nach laang wäerten genéisse kënnen.