A Griicheland huet e Mupp nom Doud vu sengem Meeschter all eenzelen Dag op där Plaz verbruecht, wou de Mann bei engem Accident ëm d'Liewe komm ass.

Viru ronn 2 Joer ass an der Regioun Nafpaktia a Griicheland e Mann vun enger Gefier iwwerrannt ginn. Vergiess gouf dëse Virfall vu kengem - am wéinegste vu sengem Hond. Dëse wollt d'Plaz, wou hie gestuerwen ass, zanterdeem net méi verloossen.

De Véierbeener hätt Dag an Nuecht nieft der Strooss dorop gewaart, dass seng Bezuchspersoun awer nach zeréckkomme géing. De lokale Leit huet d'Déier esou leed gedoen, dass si him Fudder a Waasser laanschtbruecht an him esouguer en Haische gebaut hunn, an dat e sech bei schlechtem Wieder zeréckzéie kéint.

Dësen trauregen Ubléck konnten d'Mënschen op der Plaz awer net op laang Dauer erdroen. Doropshi gouf de Viktor Larkhill, en Déiereschützer vu "Let's adopt international", geruff, fir den Hond ze retten. Och wa vill Leit géint d'Rettungsaktioun waren, misst een un d'Wuel vum Hond denken. Et kéint een dem Déier net zoumudden, dëst trauregt Liewe weiderzeféieren.

Eng Geschicht, déi net just d'griichesch Awunner, mä déi ganz Welt beréiert huet. De Summer iwwer huet dem Larkill seng Ekipp no dem passenden Doheem fir den Hachiko gesicht. D'Waarden huet sech gelount: An enger Woch mécht sech dee Klengen op de Wee bei seng nei Famill. Zu New York dierft him genuch Ofwiesslung gebuede ginn, mat den Dog Walker am Central Park oder den Hot-Dog-Stänn an der Metropol.

Den Numm Hachiko huet hien iwwregens kritt, well säin Erliefnis un eng ähnlech tragesch Geschicht aus Japan erënnert. Zu Tokio huet vun 1923 bis 1935 en Akita-Hond gelieft, dee ronn 10 Joer op säin doudege Meeschter gewaart huet.