Dat gutt Stéck dierft deen neie Besëtzer räich maachen, well d'Toilette besteet aus Gold an huet e Wäert vun enger Millioun Euro.

Eng Toilette aus 18-Karat Gold ass aus dem britesche Blenheim-Palais geklaut ginn. Dat prächtegt Schlass an der Géigend vun Oxford ass de Gebuertsuert vum fréiere Premierminister Winston Churchill. Ee 66 Joer ale Mann gouf nom Déifstall festgeholl, dat huet d'Police matgedeelt. Déi iwwer 1 Millioun Euro deier Toilette ass awer nach ëmmer verschwonnen.

D'Täter si bei hirer Aktioun net besonnesch zimperlech virgaangen. Si hunn am 300 Joer ale Schlass een zolitte Schued an eng Iwwerschwemmung hannerlooss, sou d'Police.

Déi wäertvoll Toilette ass e Wierk vum italienesche Kënschtler Maurizio Cattelan, deen an den USA lieft, a gouf am Kader vun enger Ausstellung um Schlass Blenheim gewisen. D'Installatioun "America" war voll funktiounsfäeg a konnt vun de Leit benotzt ginn - awer nëmme fir maximal 3 Minutten, fir laang Schlaangen ze vermeiden.