Laang war dru gezweiwelt ginn, dass d'Franséisin Jeanne Calment 122 Joer al soll gewiescht sinn. Elo ass et bewisen, si war déi eelste Fra op der Welt.

20 Joer no hirem Dout huet si den Titel als eelste Fra weltwäit elo offiziell verdéngt, nodeems Fuerscher un hirem reellen Alter gezweiwelt haten a si sech soll als hir eege Mamm ausginn hunn. E Grupp Wëssenschaftler aus Frankräich, Dänemark an der Schwäiz huet an der Fachzäitschrëft "Journal of Gerontology" d'Vermuddunge mat Hëllef vun Dokumenter aus dem Ëmfeld vun der Famill Calment widderluecht. D'Jeanne Calment, déi 1997 gestuerwen ass, war mat Sécherheet si selwer.

E russeschen Altersfuerscher a Mathematiker hat behaapt, dass déi eenzeg Duechter vum Yvonne sech als hir eege Mamm ausginn hat, fir no där hirem Doud d'Ierfschaftssteier z'ëmgoen. Dëse Bedruch wier senger Thees no iwwer 60 Joer laang net opgeflunn. Deemno wier d'Jeanne Calment just 99 Joer al gewiescht an net 122.

An der neier Etüd hunn d'Fuerscher opgedeckt, dass d'Yvonne Calment schonn 1934 am Alter vun nëmme 36 Joer un enger schroer Krankheet gestuerwen ass. Den héijen Alter vun hirem Meedchen Jeanne Calment wier duerch "gutt Genen a glécklech Ëmstänn" z'erklären. D'Statistik, déi de russesche Fuerscher ugezweiwelt hat, dass Franséisinnen am 20. Joerhonnert eng Chance vun 1 zu 10 Millioune gehat hätten, fir 122 Joer al ze ginn, wier zwar onwahrscheinlech, awer net onméiglech. Et kéint souguer méiglech sinn, dass an de kommende Joren eng aner Fra de Rekord vun 122 Joer knacke kéint, well den duerchschnëttleche Liewensalter vun de Mënschen ëmmer weider klëmmt.