An engem Interview huet de Rod Stewart annoncéiert säi Kampf géint de Kriibs gepackt ze hunn. Virun 2 Joer war bei him Prostatakriibs diagnostizéiert ginn.

Dat huet de Sänger mat der rauer Stëmm e Méindeg bei enger Spendegala fir de Kampf géint Prostatakriibs der "Daily Mirror" matgedeelt. Keen hätt virdru vu senger Krankheet gewosst, elo wier et un der Zäit et jidderengem ze soen.

Mëttlerweil wier hie geheelt. Dat hätt hien och der Tatsaach ze verdanken, dass seng Krankheet an engem fréie Stadium festgestallt gouf. Op der Gala huet hien aner Männer encouragéiert, sech reegelméisseg ënnersichen ze loossen.

De Rod Stewart ass Papp vun 8 Kanner. D'lescht Joer koum säin 30. Studio-Album eraus. Op der Gala war de Sänger zesumme mam Rolling-Stone-Museker Ronnie Wood present, dee fréier mam Rod Stewart an der Band "The Faces" gespillt huet. Beim Wood war 2017 Longekriibs diagnostizéiert ginn, hien hat sech dowéinst en Deel vun der Long ewech operéiere gelooss.