Wei kennt een zu dëser Passioun a wei leeft sou en Training of? Mir hunn d'Nationalequipe am Konschtfluch beim Training begleet.

D’Lëtzebuerger Nationalequipe am Konschtfluch, di sougenannt Aerobatic - déi trainéiert de Moment nach zu Verdun. Fir di läscht schéin a laang Deeg vum Joer hunn si do optimal Konditiounen. Et ass net ze waarm an nach net ze kal, an d'Wolleken di hänken net ze déif fir kennen hier spektakulär Manöver an der Loft ze maachen.

E Looping, Snap oder um Réck fléien. All dat si Figuren déi all Konschtfliger soll kennen. Éier een awer mat engem Fliger esou impressionnant Manöver fléie kann, muss d’Technik zu honnert Prozent funktionéieren. Well dovu kann d’Liewe vum Pilot ofhänken.

Wei kennt een zu dëser Passioun a wei leeft sou en Training of? Mir hunn d'Nationalequipe beim Training begleet.