Net seele besichen d'Studente Seminairen, déi si am geréngsten interesséieren, awer wärend dem Studium musse beleeën. Domat ass elo Schluss!

Dat hu sech vill Universitéite weltwäit geduecht an am Laf vun de leschte Jore méi aussergewéinlech Coursen ugebueden.

Am Beräich vun der Literatur- a Sproochwëssenschaft konnt een op der University of Wisconsin "Elvish", d'Sprooch vun "Lord of the Rings" léieren. Mat de Gesetzer aus dem Universum vum Harry Potter konnte sech d'Studenten op der Ohio State ausenanersetzen.

A punkto Geschicht huet sech op dem Occidental College alles ëm dem Mann säi bescht Stéck gedréit. Am Zeeche vun der Sexualitéit gouf op der University of Rochester de Sex tëscht Ausserierdeschen a Mënschen genau ënnert d'Lupp geholl.

Och d'Wëssenschaft gouf op villen Héichschoulen den Interesse vu jonke Leit ugepasst. D'Frostburg State University huet d'Einhörner an aner magesch Wiesen, Quidditch an Zauberspréch aus enger wëssenschaftlecher Perspektive analyséiert. A Kalifornien huet ee versicht, de Studenten d'Physik mat Hëllef vu Superhelden a Comics méi no ze bréngen. Fir d'Fan-Communautéit vu Star Trek, The Simpsons, Star Wars an The Matrix gouf och gesuergt. D'philosophescht Konzept, wéi och de Mythos an d'Science Fiction dohannert si beléiften Themen zu Indiana, Georgetown, Berkeley an Danville.

Net ze vergiessen ass de musikalesche Beräich. Eng amüsant Ofwiesslung zu Bach oder Mozart ass e Beatles-Master op der Hope University of Liverpool a Virliesungen iwwert d'Beyoncé, d'Miley Cyrus oder d'Lagy Gaga.

Eenzegaarteg sinn och Coursen iwwert "Dirty Pictures", de Weltënnergank, Cannabusiness, Ahornsirop, Bowling an... Dommheet.

Bei dësem Choix géing een am léifste kënnegen an nees ufänke mat Studéieren, oder?