Mënsche mat Iwwergewiicht hunn dacks och déck Hënn, dat beweist eng nei Etüd vun der Universitéit zu Kopenhagen, déi e Mëttwoch publizéiert gouf.

De Risk, dass Muppe méi Kiloen op de Rëpper hunn, ass der neier Etüd no 2 Mol méi grouss, soubal och de Proprietär Iwwergewiicht huet. Op 268 Hënn koumen deemno 20% mat ze vill Gewiicht.

Schold drun sinn d'Leckerlien. E Proprietär mat "normalem" Gewiicht huet éischter d'Tendenz de Mupp um Enn vun enger edukativer Aufgab ze belounen, deejéinege mat Iwwergewiicht belount ouni richtege Grond. Wat och gär gemaach gëtt, ass zum Beispill säi lescht Stéck vum Sandwich mat sengem véierbeenege Kolleg ze deelen oder ee Kichelchen.

An den Entwécklungslänner sinn ëmmerhi 34 bis 59% vun den Hënn iwwergewiichteg, wat natierlech d'Längt vu sengem Liewen däitlech reduzéiert oder eng Häerzkrankheet provozéiert. An der Moyenne lieft en décken Hond 1,3 Joer manner laang, wéi en normalgewiichtegen Hond.

D'Etüd huet awer och gewisen, dass kastréiert Männercher och 3 Mol méi riskéieren déck ze ginn. D'Kastratioun schéngt den Appetit vum Hond an deem Fall unzereegen a parallel dozou hir Motivatioun sech ze beweegen ze reduzéieren, wat eng Obesitéit nach weider provozéiert.